Véier Schüler aus der Mini-Entreprise Luxstarz entwéckelen a produzéiere Bijouen aus Sëlwer.
No enger kuerzer Aféierung an e spezialiséiert Design-Programm, hunn si hir eege Bijou-Kollektioun mat vill Léift zum Detail erstallt.
Bei der Produktioun ginn si fachmännesch ënnerstëtzt vun der Bijouterie Kieffer-Bock aus Réiden, déi hinnen hëlleft, hir Kreatiounen an héchster Qualitéit ëmzesetzen.
Op der Vente en commun an der Belle-Étoile hunn hir Bijoue grousse Succès gehat, sou datt si de Moment e klenge Retard bei der Ausliwwerung hunn.
An dësem Video gesitt dir, wéi hir Collieren hiergestallt ginn.
Fir Bestellungen oder weider Informatiounen, kënnt dir si kontaktéieren iwwer