Den 1. Mäerz hunn déi dräi Mini-Entreprise vum Atert-Lycée hir Produkter am Shopping Center Belle Étoile ausgestallt.
D’Zil vun de Mini-Entreprisen ass et, déi Jonk un d’Realitéit vun der ekonomescher Welt erunzeféieren, andeems si léieren, wéi een e Produkt entwéckelt, vermaart a verkeeft. Iwwert dëse Wee, kréien si och een Abléck an d’Grondlage vum Management a vun der Clientëbetreiung.
D’Stänn vun eise Schüler hunn eng interesséiert Clientèle ugezunn, déi sech vun der Qualitéit vun de presentéierte Produkter iwwerzeege gelooss hunn. Um Enn vum Dag waren eis Schüler midd, mee awer och begeeschtert iwwer de Succès an de generéierte Chiffre d’Affaire.