Den Atert-Lycée Réiden invitéiert an Zesummenaarbecht mat der Fondation Lenoir op de „Lenoir-Owend“ als Hommage un de Lëtzebuerger Jean-Joseph Etienne Lenoir deen 1860 den alleréischte Verbrennermoteur entwëckelt huet.
De „Lenoir-Owend“ gëtt Mëttwochs de 5. Februar 2025 um 18 Auer am Festsall vum ALR ofgehalen. No engem Virtrag vum Kim Meyers, Enseignant am ALR, wäerten d’Memberen vun der Fondation Lenoir eng Live-Virféirung vun engem originalgetrie Lenoir-Moteur proposéieren. Dono invitéiert de Lycée op e Vin d’honneur.
Wann dir um Owend wëllt derbäi sinn, reservéiert är Plazen w.e.g. um 26 62 32 200 oder iwwert