LASEL - Trimester 1 - 2022

LASEL - Trimester 1 - 2022

Op der éischter Competitioun vun der LASEL am neie Schouljoer, dem Walfer Vollekslaf, hu sech 21 Schülerinnen a Schüler dem naasse Wierder gestallt.

Um Cross am Bambësch huet de Ben Koenig et op déi zweet Träppche vum Podium gepackt.

12 Schülerinnen a Schüler hunn um Bike Day vun der LASEL hiert Kënnen um Vëlo bewisen.

Am Basketball hunn eis 2 Equippe jeeweils 1 Match gewonnen.

Um Dëschtennis Championnat hunn 8 Schüler deelgeholl. Mir gratuléieren dem Pol Kanivé fir säi Championstitel an dem Nick Ferber fir seng excellent zweete Platz.

Op heemeschem Terrain hunn 32 Schülerinnen a Schüler den ALR am Duathlon verdeedegt an hunn vill Titele konnte sammelen. Eng zweete Platz gouf et an de verschiddenen Alterskategorië fir d’Jackie Beckers, Amy Breuer, Emma Harpes a Noé Ury an eng drëtt Placéierung fir d’Martine Pierrot an d'Julie Leistico.

All eise Schülerinnen a Schüler e grousse Merci fir hiert Engagement an der LASEL an am allgemenge fir de Sport.

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons