Gemittlechkeet a Kreativitéit um ALR – Chrëschtmaart.

Den 20 Dezember hat den traditionellen ALR - Chrëschtmaart seng Dieren opgemaach. Organiséiert vun de Schüler an hiren Enseignanten, huet de Maart déi vill Talenter an d’Kreativitéit vun eiser Schoulgemeinschaft gewisen.

Am Mëttelpunkt stoungen déi wonnerbar Artikelen, déi vun de Schüler selwer hiergestallt goufen. Déi méi kleng Klassen hunn hir Konschtwierker an Dekoratioune presentéiert, originell Spiller organiséiert a kleng Sketcher opgefouert. Hei goufen och iwwert ee Concours déi bescht Stänn a véier Beräicher ausgezeechent: nohaltegste Produit, beschte Produit, schéinste Stand a bescht Verkafstalent.

Dat Kulinarescht huet och net dierfe feelen. D'Kichenteam zesumme mat de Schüler aus den héije Klassen haten eng grouss Auswiel u Gedrénks an hausgemaachte Spezialitéite preparéiert. Am groussen Iesszelt konnten eis Gäscht entspaant hiert Mëttegiessen genéissen, Kaffi a Kuch goufen am gemittlechen Bistro-Eck ugebueden. E Stand mat Glühwäin huet d'Visiteuren och bei de kalen Temperature gewiermt.

Eis néi gegrënnten Rock-Band hat hiren éischten offiziellen Optrëtt an d’ALR-Chorale huet mat engem klenge Concert fir eng wonnerbar Stëmmung gesuergt.

Déi grouss Bedeelegung vun der ganzer Schoulgemeinschaft huet dëse Chrëschtmaart zu engem groussen Erfolleg gemaach. Net nëmme gouf e schéine Montant gesammelt, dee fir sozial Zwecker gespent gëtt, mä et huet och gewisen, wéi vill Talenter a Begeeschterung an eiser Schoul stiechen.

Mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun a bedanken eis bei all deenen, déi matgehollef hunn, dësen Dag esou besonnesch ze maachen.

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons