30 Schüler a Schülerinnen vun de Premièresklassen aus dem ALR hunn de 27. Januar am Festsall un enger Liesung aus dem Anne Frank sengem Tagebuch deelgeholl.
Den ALR huet dësen Event zesumme mam Zentrum fir politesch Bildung am Kader vum Gedenkdag un d’Opfer vum Nationalsozialismus organiséiert. Virgedroen gouf déi tragesch Geschicht iwert d’Liewen an d‘Schicksal vum Anne Frank op eng iwerzeechend Aart a Weis vun der lëtzebuerger Actrice Fabienne Hollwege.
Zënter 1996 gëlt den 27. Januar als Journée de la Mémoire un d’Opfer vum Holocaust. Genee op dësem Dag gouf 1945 d’Konzentratiouns- a Vernichtungslager Ausschwitz befreit.
76 Joer méi spéit ginn et ëmmer manner Zäitzeien an et ass dowéinst wichteg ,och an der Zukunft iwwer déi schlëmm Gewaltverbriechen z‘informéieren an ëmmer erëm en Opruff ze maachen, fir wuechtsam ze bleiwe géinteniwwer all Form vun Ausgrenzung an Iwwerleeënsheetsideologien.