Fënnef Mol Exzellenz!
Den 23 Oktober ass den ALR fir déi fënnefte Kéier hannereneen mam héchsten SES-Label ausgezeechent ginn, eng Unerkennung fir den Asaz vun der ganzer Schoulkommunautéit am Joer 2024/2025.
SES steet fir Sustainable Entrepreneurial School. Iwwert dëse Label, vergi vum Ministère de l’Économie an dem Script, ginn déi Schoulen ervirgehuewen déi sech besonnesch an de Beräicher Entrepreneuriat, Nohaltegkeet, Orientatioun a finanziell Educatioun auszeechnen.
Am Kader vun enger Zeremonie am Centre de Conférences zu Clausen, hunn de Claude Meisch, Ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche an de Gilles Scholtus, Premier Conseiller de Gouvernement am Ministère de l’Économie d’Auszeechnung un d’Lycéeën iwwerreescht.
Den N3-Label fir den ALR hunn d‘Madamm Matgen, Attachée à la direction, an d‘Hären Klemmer, Selimovic a Raas entgéintgehol. D‘Plakette wäert geschwënn bei hier véier Virgänger an der Entrée vum Lycée hänken.
An erlaabt eis, eis an dësem Kontext e bëssen ze bretzen: nieft dem ALR, huet just nach een anere Lycée zanter der Aféierung vum Label esou e „parcours sans faute“ hikritt.