Eeërtécken - dat häertstent Ee 2025
Featured

Eeërtécken - dat häertstent Ee 2025

Och dëst Joer war et erëm souwäit. Den 04.04.2025 stoung dat spektakuläert Eeërtécken um Programm, dat vum Departement Informatique organiséiert gouf.

Gewënner 2025: Denis HOSCHEID (SePAS)

Zweet Plaz 2025: Misch GERGEN (3GPS)

Den Här Denis HOSCHEID aus dem SePAS krut et fäerdeg sech géint 127 aner Leit, Schüler wéi och Personal aus dem ALR, duerchzesetzen. Op déi 2. Plaz huet den Misch GERGEN vun der 3GPS et gepackt.

Dëst Joer hate mir och e puer ALR-VIPs mat dobäi:

  • Här Boever, directeur honoraire
  • Här Majerus, directeur honoraire 
  • Här Klee, Informatikproff an der Pensioun
  • Här Marcus, Franséischproff an der Pensioun

D'Informatiksdepartement wënscht alle Gewënner vill Spaass mat hirem Präis.

E grousse Merci un eis Fotographen: Amber Dondelinger (3GPS) Daribel Herrera Peña (4C3) Anne-Laure Mathieu  (4CL1) Nadia Lin (3GSO1).

Alleguer d'Fotoen fannt dir an eiser Galerie.

Merci fir d'matmaachen an eng schéi Vakanz.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons