E prestigiéisen „Award“ fir d’Mini-entreprise Delli’cious

E prestigiéisen „Award“ fir d’Mini-entreprise Delli’cious

Den Atert-Lycée ass ganz houfreg op d’Resultat vu senger Mini-entreprise Delli’cious bei der 20. nationaler Finall vun de Mini-entreprisen, déi vun de Jonk Entrepreneuren am Kinepolis organiséiert gouf.

Vun 100 Ekippen aus dem ganze Land stounge sech an der Finall déi 20 bescht Mini-entreprisen géintiwwer.

Hei konnten eis 2 zwee jonk Entrepreneuren mat exzellente Resultater iwwerzeegen. An net manner ewéi 4 Kategorien hu si et ënnert déi 3 Éischt gepackt. An de „Financial Management Award“ hunn déi zwee Bridder gewonnen.

Dëst respektabelt Resultat hu si hirem motivéiertem Asaz wärend dem ganze Schouljoer ze verdanken, an domat hu si bewisen, datt een och an dëser schwiereger vun enger Pandemie gezeechenter Zäit mat Fläiss vill erreeche kann.

Mir gratuléieren dem Bob an dem Joé fir hir formidabel Leeschtung.

Ënnert folgendem Link fannt dir de komplette Video vun der Finall:

https://jonk-entrepreneuren.lu//fr/news/finale-mini-entreprises/

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt, un der den Atert-Lycée deelhëlt.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons