Den DemokratieLabo am ALR – eng flott Erfahrung

Den DemokratieLabo am ALR – eng flott Erfahrung

Vum 12.11.2021 bis den 17.12.2021 war den DemokratieLabo bei eis am ALR op Besuch. Vill Schüler*innen an och Proffen konnten hei hir Virstellungen an Iddien austauschen. Verschidde Voleten vun der Demokratie goufe behandelt, ënner anerem Aarmut, Diskriminatioun oder Mënscherechter.

Den DemokratieLabo war a Statiounen opgedeelt an d‘Besicher kruten alleguer ee Bichelchen mat Froen zu all Statioun, wou se dann argumentéiert an diskutéiert hunn. D’Iddi wor awer och, datt se dobäi vill Spaass hunn a sou konnten d’Demokratie ganz anescht, spilleresch, gesinn an souguer “upaken”.

Net nëmmen déi héich Klassen si bei de Labo luusse komm, mais och déi méi jonk. Insgesamt si ronn 480 Schüler*innen mat hiren Enseignanten duerch de Labo gaangen. Si haten d’Chance zesummen ze schaffen an sech géigesäiteg mat hire Meenungen ze entdecken. Et war eng Freed fir si, anescht de Cours ze verbréngen an och mateneen ze interagéieren. D’Schüler*innen waren net nëmmen intresséiert, mais hu ganz aktiv matgeschafft an esou och hirt Wëssen duerch déi vill spannend Informatiounen erweidert.

Doriwwer raus wor den DemokratieLabo awer och fir d’Leit aus der Regioun accessibel, andeems de Lycée 5 Woche laang all Owes an all Samsdes moies seng Dieren opgelooss huet, fir datt Privatleit oder Veräiner d’Ausstellung besichen an erliewe konnten.

 

Klaudia Szwarc

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons