De Film: Eng Äerd

De Film: Eng Äerd

Kenns du däin ekologesche Footprint ? Dës Fro hunn d’Schüler*inne vun der 4C1 an der 4C2 sech och misste stellen.

Den 28. Abrëll kruten si de Film eng ÄERD gewisen. Dëse Film presentéiert eng ganz Rei vu lëtzebuergeschen Initiativen déi weise wéi en säin ekologesche Footprint kann erof setzen a méi nohalteg ka liewen.

Nom Film war nach eng interessant Diskussioun mam Tom Alesch, dem Regisseur vum Film a mam Magali a Jil vum Centre for Ecological Learning.

Organiséiert gouf dat d‘ Ganzt vun de Schüler a Schülerinne vun der 2GCG am Kader vun hirem Schülerprojet “ALR goes transition”. An hirem Projet maachen si Ëffentlechkeetsaarbecht fir d’Äerdschëff. Dir kënnt Iech dozou och hir kleng Expo virum Festsall ukucken.

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons