D'Chamber emol anescht erliewen

D'Chamber emol anescht erliewen

Moies sinn eis Schülerinnen a Schüler vun der 2CDG an engem Workshop an d’Roll vun eise Volleksvertrieder geschlüpft an hunn heibäi an Abléck an de berufflechen Alldag vun den Deputéiert kritt.

An enger animéierter Chamberkommissioun hu si ganz aktiv de Standpunkt vun hirer virdru geschafener Partei vertrueden an hu probéiert de politesche Géigner mat hiren Argumenter ze iwwerzeegen.

Nomëttes hate si dunn d’Geleeënheet zwee vun eise Volleksvertrieder kennen ze léieren, d’Madame Carole Hartmann vun der DP an den Här Sven Clement vun de Piraten. An enger interessanter Diskussiounsronn stoungen d’Politiker hinne Ried an Äntwert. Eis Schülerinnen a Schüler hunn hinne hir Froen zu verschiddenen aktuellen Theme gestallt. Zu gudder Lescht huet d’Klass dunn nach d’Plenarsëtzung iwwert d’Pensiounsreform op der Tribün vun der Chamber suivéiert.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons