D’Schüler a Schülerinne vun der 6P waren de Méinden, 23. Mäerz 2026 d’Stad Lëtzebuerg besichen. Zil vun dëser Visitt war et bekannte Plaze kennen ze léieren an Informatiounen dozou ze kréien:
De Lars, Yannick, Gilles, Noah V., Noah D., Miri, Sydney, Sven a Joana hunn zesummen déi komplett Visitt geplangt an ëmgesat.
Am Allux-Cours hunn si sech eleng oder zu zwee op déi eenzel Plazen a Monumenter virbereet. Vun der Gëlle Fra, iwwert de Palais Grand-Ducal bis hin zur Melusina war vill ze kucken a jiddereen huet dem Rescht vun der Klass „seng Plaz“ virgestallt.