Concours „Hello Spring“

Concours „Hello Spring“

D’Schüler a Schülerinne vun der 7C3 konnten sech kuerz no der Päischtvakanz freeën: Si hunn de nationale Concours „Hello Spring“ gewonnen, wou si vu Januar bis Mee fläisseg insgesamt 350 Fotoe vu Planzen an Déieren, déi d’Fréijoer ukënnege, gemaach hunn.

Um leschte Schouldag konnte si dunn zesumme mat Schüler a Schülerinne vun der 7C1 a 7C2 hire Gewënn aléisen: en Ausfluch op den SNJ Huelmes. Bei beschtem Summerwieder an a Begleedung vun 2 Animateure konnten d’Schüler a Schülerinne spilleresch am Team an enger Aart „Escape Game“ déi 4 Elementer Waasser, Feier, Loft an Äerd kenneléieren. Sief et Déierespuere richteg zouuerdne, léieren e Feier maachen, mat enger Spektiv Rätsele léisen,… - si hu sech richteg gutt geschloen an alleguer d’Aufgabe gemeeschtert. Um Enn gouf et och eng kleng Ofkillung fir d’Féiss an der Kalbaach ier et du mat Kamellen am Mo aus der gewonnener Schatzkëscht erëm am Nomëtten zréck an de Lycée gaangen ass.

Mat engem flotten Ofschloss vum Schouljoer konnten d’Schüler a Schülerinnen zefridden an d’Summervakanz starten. Am nächste Fréijoer start dann déi nächst Editioun vum „Hello Spring“, wou den ALR sech erëm beweise ka fir Titelverdeedeger ze bleiwen!

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons