Den 18. Dezember war et erëm souwäit, den Atert-Lycée huet op säi grousse Chrëschtmaart invitéiert.
Ab hallwer 12 war jiddereen invitéiert an den ALR ze komme fir sech d’Stänn vun de Klasse mat Decoartikelen, Cadeausiddien, selwer gemaache Kichelcher oder Spiller fir grouss a kleng unzekucken. D’Klasse vum Cycle supérieur hunn d’Stänn fir Iessen a Gedrénks assuréiert. Nieft Gegrills, Fritten, Nuddelen, Eisekuchen a Panescher waren och Raclette an Dürum an der Offer, sou datt jiddereen eppes fonnt huet wat em schmaacht.
De musikaleschen Encadrement gouf vun de Schüler an dem Personal aus dem ALR assuréiert.
Dëst Joer gung den integrale Gewënn vum Chrëschtmaart un A.M.V.A (aidez moi à voir autrement) a.s.b.l. an d’Association luxembourgeise des groupes sportifs pour cardiaques.
Fotoen goufen vum Enie an dem Nadia aus der Optioun Foto gemach.
Dëse Reportage gouf am Kader vun der Optioun ONEWS vun de Schüler Lisa Jans, Sway Prommenschenkel, Lucy Risch, Noa Santinelli gemaach.