Den 10. Oktober 2025 um 8:15 sinn den Här Dupong, den Här Bache an d’Mme Schiltz mat sämtleche Latäinschüler vun 6e–2e mam Bus op Tréier gefuer, fir déi grouss Spezial-Ausstellung iwwert de Marc Aurel am Rheineschen Landesmuseum kucken ze goen.
D’Schüler hunn dobäi vill iwwer d’Liewe vum réimesche Keeser, Feldhär a Philosoph souwéi iwwer d’Zäit vum Réimesche Räich geléiert. Déi ausgestallte Statuen, Mënzen a Schrëften hunn d’Geschicht op eng flott a konkret Aart a Weis gewisen. No der Visite am Musée si mir weidergaangen an d’Konstantin-Basilika, wou d’Schüler d’grouss Halle bewonnert hunn, déi fréier als Keesersall gedéngt huet. Duerno hu mir och kuerz den Tréierer Dóm besicht, deen zu den eelste Kierchen a ganz Däitschland gehéiert. Zum Schluss si mir nach bei der Porta Nigra getrëppelt.
No de kulturelle Visitten haten d’Schüler e bëssen Fräizäit, fir d’Stad op eege Fauscht z’erfuerschen oder eppes Klenges z’iessen. Et ass och eng Partie Schockela an engem Buttek vun engem bekannten Schockelasfabrikant kaf ginn. Jiddvereen war pünktlech a zefridden um Rendez-vous, fir erëm zréck op Réiden ze fueren.
Et war eng gelongen a léieräich Excursioun, déi de Schüler d’Geschicht vum antike Tréier méi no bruecht huet an de Profen erlaabt huet, hir Schüler an engem anere Contexte ze erliewen.