An der Woch vun der nohalteger Landwirtschaft hunn d'Schüler konnten en Atelier vum SNJ Hollenfels zum Thema Food Print maachen.
En plus ass eng Klasse zesumme mat Ëmweltdelegéierter de Biobauerenhaff Kass zu Rolléng besiche gaange wou si gehollef hu schaffen a wou se konnten zesumme mam Tom Kass iwwert de Film "Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren" diskutéieren.