ALR Mini-entreprise "Delli'cious"

ALR Mini-entreprise "Delli'cious"

Och dëst Joer ass nees eppes méi lass bei eisen ALR-Mini-entreprisen – an dat trotz der aktueller sanitärer Kris an dem « homeschooling ». Insgesamt 28 Schüler hunn dëst Schouljoer zesummen net manner ewéi 8 Mini-entreprisen a ganz ënnerschiddleche Beräicher gegrënnt.

Eng vun hinnen – Delli’cious – geleet vum Bob a Joé Delli Zotti, hat elo d’Geleeënheet fir hier Aktivitéit direkt an zwou Radiosemissiounen fir ze stellen.

D’Reportage fannt dir iwwert dës Link: https://www.eldo.lu/aktuell/reportagen/a/106924.html

https://www.ara.lu/graffiti-talks/episodes/mini-entreprise-dellicious/

 

Wann dir lo op de Goût komm sidd, kënnt dir direkt bei deenen zwee Bridder bestellen, entweder iwwert hier Internet-Säit oder iwwert Social Media Konte bei Facebook an Instagram.

Déi aner ALR-Mini-entreprisen wäerte mir iech an de nächste Wochen no an no op dëser Plaz virstellen.

Merci am viraus fir är Ënnerstëtzung - a vergiesst net: Buy local!!! 🙂

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons