ALR goes Relais pour la Vie
Featured

ALR goes Relais pour la Vie

All Dag kréien zu Lëtzebuerg 10 Leit d’Diagnos Kriibs. Eng Krankheet, déi och dacks jonk Leit betrëfft an déi och leider net ëmmer heelbar ass. 2026 huet den ALR sech dofir viirgeholl, ee grousst Evenement am Kader vum Relais pour la Vie ze lancéieren a sech zesumme mat der ganzer Schoulkommunautéit, awer och mat de réidener Leit, solidaresch ze weise fir méiglechst vill Spende fir d’Kriibsfuerschung ze sammelen.

De 6. Mäerz war et sou wäit: bei guddem Wieder sinn eis 1500 Schüler mat hire Proffen een nom aneren um Parcours gestart. Sief dat andeems si getrëppelt, gelaf oder Velo gefuer sinn, oder sech beim Spinning midd gemaach hunn. De ganze Moien sinn esou bei gudder Laun vill Spende gesammelt ginn.

Nomëttes war dunn och nach d’Réidener Grondschoul voller Begeeschterung mat net manner wéi 250 Kanner dobäi. Mee och dat ganzt Personal vum Lycée, Ekippen vun der Gemeng, der Schock an der Museksschoul Kanton Réiden souwéi eng sëllechen Elteren a Leit aus der Géigend ware mat um Dill.

Scho Wochen am Viraus war awer och ganz vill hannert de Kulisse gewuddert ginn an et si fläisseg T-Shirten an Tase gedreckt, Kichelcher gebak, eng Tombola organiséiert a Paanecher fir de gudden Zweck verkaaft ginn.

Alles an allem e grousse solidareschen Effort vun der ganzer Regioun, deen eis et erlaabt huet, all Erwaardungen ze iwwertreffen an em déi 50.000 Euro un d’Fondation Cancer ze spenden.

E grousse Merci geet u jiddereen deen an iirgendenger Weis zum Relais 2026 bäigedroen huet! A mir freeën eis op d‘nächst Joer, wann et neess heescht: Ensemble, relayons l’espoir!

Hei ee Reportage vun der News Optioun (Lisa Jans, Sway Prommenschenkel, Lucy Risch, Noa Santinelli, Glenn Trausch).

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons