4e-2e ÉCHANGE - e wichtegen Austausch fir d’Wiel vun der richteger Sektioun
Ewéi all Joer kruten eis 4e-C-Klassen vun den 2eC-Schülerinnen a Schüler d’Sektioune vum ESC virgestallt. Dësen traditionellen Austausch bitt hinnen d’Méiglechkeet déi verschidde Sektioune besser kennen ze léieren an hir Froen ze stellen fir hinne beim Choix vun der richteger Sektioun um Enn vum Schouljoer ze hëllefen.