4e-2e ÉCHANGE
Featured

4e-2e ÉCHANGE

Ewéi all Joer huet eisen traditionellen 4e-2e Austausch am Festsall stattfonnt. Eis 4e-Schülerinnen a Schüler aus dem ESC mussen um Enn vum Schouljoer entscheeden op wat fir enger Sektioun si hire schoulesche Parcours weiderféiere wëllen.

Dëse wichtege Choix beaflosst net nëmmen hir nächst Schouljoren, mee e spillt och eng Roll fir hir weider Studien no der Première, esou wéi och fir hir berufflech Orientéierung.

Fir si bei dëser wichteger Entscheedung ze ënnerstëtzen, hate si op dësem Nomëtteg d’Geleeënheet fir mat 2e-Schülerinnen a Schüler vun deene verschiddene Sektiounen ze schwätzen, sech auszetauschen a sech beroden ze loossen. Esou krute si konkret Informatiounen iwwert déi verschidde Sektiounen a konnten all hir Froe stellen.

Och eng ganz Rei Enseignanten aus deene verschiddenen Departementer wore bei den Atelieren dobäi fir den Échange tëschent de Schüler ze begleeden. E grousse Merci geet dofir un eis jonk Orienteuren an och un d'Schülerinnen a Schüler aus dem LCD an dem LAM déi hinnen d'Sektiounen A, B, F an I virgestallt hunn.

 

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons