3GPS an 2CC op Norderney: Wand, Watt a ganz vill Waasser

3GPS an 2CC op Norderney: Wand, Watt a ganz vill Waasser

D’Schüler:innen vun der 3GPS an 2CC sinn zesumme mat hire Proffen vum 10-15. Mee op Norderney gefuer, fir do ekologesch Erfarungen ze sammelen an niewebäi och ze testen, wéi vill Wand, Reen a Keelt ee Mënsch eigentlech aushält.

De Méindeg huet d’Rees direkt sportlech ugefaangen: et ass an d’Watt gaangen. Bei kale Temperaturen, Wand, Reen an heiansdo esouguer e bëssen Sonn hu verschiddener gemengt, hir Zéiwe géifen am Watt hänke bleiwen oder einfach direkt offalen. Trotzdeem goufen tapfer Prouwen geholl an d’Schüler:innen hunn déi verschidde Zone vum Watt ënnersicht. Mëttes huet d’3GPS e Rallye mat Spiller duerch d'Stad organiséiert. Och hei huet d’Wieder nees alles ginn: Stuerm, Reen an heiansdo d’Gefill, dass ee gläich mam Velo fortgeblosen gëtt, zumools duerch de Sandstuerm laanscht Mier.

Den Dënschdeg gouf et da minimal méi frëndlecht Wieder. D’2CC ass op de Strand fësche gaangen a konnt eng ganz Partie Quallen, Krabben a Krevette entdecken,glécklecherweis ouni dass een selwer um Haken gelant ass. D’3GPS huet wärenddeem am Labo d’Prouwen aus dem Watt analyséiert an déi kleng Liewewiesen ënnert d’Lupp geholl. Esou konnten typesch Liewewiese wéi de Wattwurm, Wattschnecke oder och nach Herzmuschel mei no ënnersicht ginn. Méi spéit huet d’2CC sech och un d’Laboraarbecht gemaach.

De Mëttwoch war et dunn endlech esou wäit: d'Sonn huet sech gewisen! D’3GPS konnt bei vill besserem Wieder op de Strand fësche goen an och hei goufen allerhand Mieresbewunner entdeckt. Dono konnten sech béid Klassen op verschiddene Statiounen vun der grousser Villfalt vun de Villecher op der Insel begeeschtere loossen. Dobäi gouf net nëmme vill observéiert, mee och vill geléiert.

En Donneschdeg stoung nach eng lescht grouss Aktivitéit um Programm: et ass an den wëlle Oste vun der Insel gaangen. Hei huet d’2CC mat flotte Workshoppen an Aktivitéite begeeschtert. Theme wéi Dünenbildung, Gezeiten, Verschmotzung vun de Mierer an d’Kennenléiere vun typesche Muschele goufen op eng spannend an interaktiv Aart a Weis behandelt. Donieft konnten d'Schüler:innen och d’Upassunge vu verschiddene Planzenaarte vun de Salzwisen entdecken, de Risiko vun invasiven Aarten op en Lierwensraum an en Abléck an d’Brutgebidder vun verschiddenen Villecher kréien.

Trotz Wand, Reen, Sand an heiansdo gefillten Nordpol-Temperaturen war d’Excursioun fir jiddereen eng flott an onvergiesslech Erliefnis mat vill Spaass, Teamgeescht a spannenden Entdeckungen.

Als Ofschloss vun dëser flotter an heiansdo och zimlech stiermescher Excursioun kann ee soen, dass eist Zil definitive erreecht gouf: d’Schüler:innen sollten verstoen a mat eegenen Aen erliewen, wisou d’Wattemier den Titel vum UNESCO-Naturierwen dréit, an dat ass hinne hoffentlech gelongen. 

Ufanks Juni wäerten déi zwou Klassen dann och nach eng Kéier op Excursioun goen, fir och hei zu Lëtzebuerg ee besonnesche Liewensraum besser kennenzeléieren, deen den och en UNESCO-Titel dréit: den UNESCO Global Geopark Mëllerdall.

E grouse Merci geet un den Luxembourg National Research Fund (FNR) fir déi finanziell Ënnerstëtzung vun dësem flotte Projet.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons