3GPS a 2CLBC: Excursioun op Norderney vum 8. bis den 13. Juni 2025

3GPS a 2CLBC: Excursioun op Norderney vum 8. bis den 13. Juni 2025

No der Visitt vun de Weierwisen zu Useldeng sinn d Schüler:Innen vun deenen 2 Klasse mat 6 Enseignant‘e op Norderney gefuer fir do weider ökologesch Kenntnisser ze sammelen.

Bedéngt duerch Wieder, war den 1. Dag schonn direkt relativ ustrengend fir Jiddereen. Moies si mir mat de Vëlo’en an den Oste vun der Insel gefuer: am Geigesatz zu de Jore virdrun, wou dësen Deel ëmmer ännert der Leedung vum Wattenmeerhaus gemaach gouf, hunn des Keier 2e-Schüler:Innen an der Bio an an der Mathé Aktivitéite fir 3GPS preparéiert. Theme wei Dünenbildung (Sukzession), Verschmotzung vun de Mierer, Kenneléiere vun typesche Muschelen oder och nach Gezeiten goufen hei behandelt. Mëttes hunn 2e-Schüler:Innen ee Rallye mat Aktivitéiten duerch Stad gemaach, dee vun der 3GPS präpareiert gouf.

Den 2. Dag gouf moies un de Berichter geschafft, mëttes ass et bei engem stramme Wand an deelweis Reen an d‘Watt gaang fir do an de verschiddenen Zone Prouwen ze huelen, déi den Dag drop am Labo analyséiert goufen: esou konnten typesch Liewewiese wéi de Wattwurm, Wattschnecke oder och nach Herzmuschel mei no ënnersicht ginn.

Um leschten Dag si mir dunn an d‘Mier fësche gaang: Quallen, Seistären, Krabben oder och nach Krevette waren hei di heefegst Deieren déi gefaang goufen an duerno awer och nees fräi gelooss goufen.

Als Ofschloss vun der Rees stoung mëttes ee Sandbuerge-Contest un: a Gruppen hunn d‘Schüler:Innen vun den 2 Klassen a knapp 90 min hirer Kreativitéit fräie Lafe gelooss a Sandbuerge gebaut. No enger kuerzer Präsentatioun vun hiren Iddien hunn d’Enseignant‘e duerno déi beschte Buerge pro Klass ermëttelt an ee Präis iwwerreecht. Bemierkenswäert war hei sécher, dass verschidde Gruppe Kanner um Strand ugeschwat hu fir hinnen ze hëllefen a si hunn hinnen duerno Schëppen an Eemere, vir Merci ze soen, geschenkt. Super Initiative.

Ee grousse Merci geet un den „Luxembourg National Research Fund“ (FNR) fir di finanziell Ënnerstëtzung vun deem flotte Projet.

FNR

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons