Wéi ass d'Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart? Wéi eng Erausfuerderunge stellen sech a wat si méiglech Léisungen? Wéi kann en an Zukunft nach bezuelbare Wunnraum ubidden a wéi gesäit d'Wunne vu muer aus?
Dës Froen hunn d'Schüler*inne vun der 3GIG sech misste stelle wéi si beim Schülerwettbewerb zur politischen Bildung matgemaach hunn. Den Zentrum fir politesch Bildung Lëtzebuerg huet elo dës Woch hir excellent Aarbecht gewäertschätzt.