Am Kader vun der 10-Joër-Feier vum ALR huet d'Sportsdepartement en Invitatiounsturnéier am Football, Streetball a Völkerball organiséiert.
Den Turnéier war e grousse Succès an niewt dem ALR als Organisateur, hun d'Lycéen vun Mamer, Woltz, Ettelbréck (LTETT an EPSA) an den Nordstadlycée vun Dikrech deelgeholl. Am Football gouff et bei de Meedecher eng Victoire vum Ste Anne. De Jongen Turnéier am Football esou wéi och de Völkerball huet den LTETT fir sech entscheed. Am Streetball konnte mir den Titel hei zu Réiden halen.