Op der Journée des Finales am Juli sinn net nëmmen Titelen am Handball an am Football entscheed ginn, mee et sinn och Turnéier am Dëschtennis an am Badminton gespillt ginn, genausou wéi Matcher tëscht Schüler a Proffen am Volleyball, Football a Basketball. Ausserdem sinn och eis 3 bescht Schüler am Sportklassement geéiert ginn an di sportlechst Klass. Hei Fotoen vun de Gewënner.