IMG_1359

Super Stëmmung war an der Sportshal den zweetleschte Schouldag bei der Journée des Finales. Am Vëlkerball, Football, Volleyball a Badminton hu Schüler sech géinteneen an awer och kéint Proffen konnte moossen.
Am Vëlkerball an am Volleyball haten di jeeweilegen Proffenekippen keng Chance géint d'Schüler. D' Footballsekipp vun de Proffen, mam Här Kohnen am Goal, konnten awer bis kuerz viru Schluss mat de Schüler mathalen. Dunn ass hinnen d'Loft ausgaangen, a si kruten an de leschten 3 Minutten 3 Goaler geschoss.
Hei d'Resultater vun de Finalen beim Interclasse am Football:
4C2 - 3GSO2      3:1
5GS1 - 5GS6      2:0
6GS4 - 6GS1      2:1
7GS5 - 7GS4      1:0
Beim Badminton Turnéier huet sech bei de Schüler de Sven Goelff géint den Noah Metz an der Final duerchgesat. Bei de Proffen war de Steve Goedert net ze schloën.

 

 

 

 

 

 

 

Football Schüler géint Proffen

IMG_1381

Volleyball Schüler géint Proffen

IMG_1383

TagCloud