Fir d’Joer 2014-2015 ofzeschléissen ass d’8STP4 de leschte Schouldag an d’Stad de Musée de la forteresse besiche gaang.
tsEechelen

Hei konnten si sech ee gutt Bild maachen iwwert d'Entwécklung vun der Festung Lëtzebuerg. De Schwéierpunkt vun der Visite louch op der Franséischer Revolutioun, déi d’Klass am Cours gesinn hat.

D’Klass konnt bei dëser Geleeënheet och ee Bléck op ee vun de siwen original Dokumenter vum Wiener Kongress (1815) werfen, dee momentan an der Expositioun “Le Luxembourg entre 1815 et 1839” ze gesinn ass. Mat Hëllef vun historesche Karten an den Erklärungen vun eisem Guide konnten déi territorial Konsequenzen, déi dës Eenegung mat sech bruecht huet, verstane ginn.

No der Visite si mir ze Fouss iwwert d’Rout Bréck gaang an hunn an enger Pizzeria d’Joer mat enger Klassefriess ausklénge gelooss.

TagCloud