D’5èmen organiséieren eng Ausstellung iwwert d’Entdeckungsfahrten an d’Nei Welt.
TSNeueWelt

Den ALR steet 2014 ganz am Zeechen vun der « Neier Welt ». An Kader vun engem interdisziplinären Projet hunn d’Schüler aus allen 5èmen iwwert Wochen un verschidden Produktiounen geschafft fir eng Ausstellung iwwert d’Nei Welt op d’Been ze stellen. D’Aspekter vun dësem historeschen Zäitalter goufen op villsäiteger Art a Weis presentéiert : vun nogebauten Maquetten bis hin zu enger Verfilmung.

Den 24. Mäerz ass d’Ausstellung offiziell ageweit ginn. D’Schüler hunn den Visiteuren fir deen Owend och eng Rei vun lokalen Spezialitéiten fir z’iessen an ze drénken proposéiert. Hei fann der Andréck vun der Ausstellung déi jiddereen bis zum Schluss vum Joer besichen kann.

TagCloud