Och dëst Joer haten zéng Schüler aus dem ALR, zesummen mat 110 weideren Schüler aus dem ganzen Land, d’Chance un enger Studierees zu Oswiecim (Auschwitz) deelzehuelen.
TSAuschwitz

D’Rees op Auschwitz (vum 27. Oktober bis den 1. November) ass dëst Joer schonn fir déi 20ten Kéier vun der ASBL « Témoins de la 2e Génération » organiséiert ginn. Um Programm stoungen d’Visiten vun den Konzentratiouns- an Vernichtungslageren Auschwitz I (Stammlager) an Auschwitz II (Birkenau). D’Schüler haten déi eemoleg Chance dës Visite zesummen mam Paul Sobol, engem Iwwerliewenden vun dësem Doudeslager, ze verbréngen. Den 20jährigen Jubiläum vun dëser organiséierter Rees huet eis ierfgroussherzoglech Koppel mat hirer Participatioun honoréiert. De leschten Dag konnten d’Schüler Krakau, déi fréier polnesch Haaptstad, entdecken.

Gruppefoto
Philippe_1

Verlassen sollte man Auschwitz nur durch den Schornstein des Krematoriums. (Philippe Furlano, 2BC)

L’arrivée, nuit, tout est sombre, le soleil ne se lève plus. (Dave Hansen, 2BC)

Dave_1
Philippe_3

Les nazis ont réduit l'homme à de la matière première, c'est pourquoi on parle de l'industrie de la mort. (Philippe Furlano, 2BC)

Dave_3

Tas de vêtements, chaussures, lunettes et cheveux montrant l’immensité de cet enjeu. (Dave Hansen, 2BC)

Au camp, la mort était un évènement tellement fréquent qu'elle semblait banale. (Philippe Furlano, 2BC)

Philippe_2_Vanessa
Liz_3

Sech dat Ganzt virstellen ze kennen ass schwéier, mee soubal et mat der Virstellung eenegermoossen klappt, kritt een dat wat een erlieft huet net méi aus dem Kapp. (Vanessa Schetgen, 2BC)

Julie

Dat wat mir zu Auschwitz gesinn hunn ass schlëmm an onmënschlech. Et kann een sech et net wierklech virstellen bis een et selwer gesinn huet an mam Paul Sobol, onserem Témoin, sengen Erliefnisser konnt een sech dat nach besser virstellen. Jiddereen soll dat gesinn hunn, fir dass et engem mol bewosst gëtt wéi krass dat Ganzt wierklech war. (Julie Gereke, 2DG)

Liz_1

Wann engem gezielt gëtt, dass 1,5 Milliounen Mënschen em d´Liewen komm sinn, denkt een sech schonn, dass et eng grouss Zuel ass… Mee wann een dann op der Platz selwer als, an d´Vallissen, d’Kleeder, d’Brëller, d’Schung oder d’Fotoen gesäit, an een begräift, dass all Géigestand vun enger eenzeger Persoun stammt, an een iwwerleet wéi vill Leit dat waren… dat ass einfach onvirstellbar. (Liz Lammar, 2BC)

Catia

Wat mir zu Auschwitz gesinn hunn ass esou schwéier ze erklären, et ginn einfach keng Wieder fir ze beschreiwen wei onmenschlech dat war, muss een do gewiescht sinn fir dat ze realiséieren. Mir haten d’Chance mam Paul Sobol (onserem Témoin) ze schwätzen den eis alles am Detail erkläert huet an op all eis froen geäntwert huet, domat konnt een sech alles vill besser virstellen. (Tania Pinto, T2CM)

Alles wat den Herr Paul Sobol eis erzielt huet war an ass ëmmer nach schwéier ze gleewen an ze verstoen wei et nëmmen dozou kommen konnt, mir perséinlech huet et beréiert wei hien awer nach mat sengen 90 Joer an alles wat hien erlieft huet ëmmer nach sou eng Liewesfreed huet, wei hien selwer sot: "Je ne suis pas vieux, je suis agé! Parce qu'être vieux c'est une maladie". (Catia Lopes, T2CM)

Gianna
Liz

Wat mech am meeschten beréiert huet ass, dass den Paul Sobol d'Foto vum Nelly, senger Fra, an d'Konzentratiounslager rageschmuggelt krut, an dass heen wéinst hir säin Glawen net opginn huet. (Gianna Schmitz, 2BC)

Wéi den Här Sobol eis seng Geschicht erzielt huet, sinn mir méi oft Tréinen komm... Wat dee Mann alles huet missen matmaachen, an trotzdem nach souvill Liewensfreed huet, beandrockt mech an ech sinn him dankbar, dass heen säin schlëmmt Erliefnis mat eis gedeelt huet. (Liz Lammar, 2BC)

Laura_1
Laura_2
DSC_0139

Im Stammlager des Konzentrationslager Auschwitz wurden gefundene Zeichnungen, die von Kindern während ihrer Gefangenschaft angefertigt worden sind, ausgestellt. Sie zeigen wie die Kinder anfangs noch Familien, Bäume, Häuser und Tiere gemalt haben. Später aber war gar keine Natur, Liebe oder Friedliches mehr zu erkennen. Die Kinder malten Bilder von Soldaten, von Trennungen bei der Ankunft im Lager, von Leichen und von anderem Leid. Ich war geschockt zu sehen, wie die Gedanken der Kinder sich im Laufe der Kriegsgefangenschaft verändert haben. Sie drückten mir ihrer Zeichnungen zum Schluss nur noch ihr Leiden aus. Wie auch Paul Sobbol (damals 15) behauptet hat, war das schwerste im Lager gewesen, sich von seiner Mutter zu trennen. So kann man sich vorstellen wie schwer es für Kinder war, von ihren Eltern getrennt zu werden, komplett auf sich selbst gestellt zu sein und alleine, furchtbare Sachen zu erleben. (Laura Beurlet, 2BC)

Anne

D'Fro nom "Wisou" wäerte mir eis ëmmer stellen, dofir hoffen ech, dass bei der nächster Generatioun net nach een derbäi kennt. (Anne Steichen, 2DG)

Vanessa_4

Vun dësem Ausfluch huelen ech haaptsächlech mat, dass et am wichtegsten ass, dass een ni den Wëllen ze kämpfen verléiert. Et muss een ëmmer een Unhaltspunkt am Liewen hunn, eppes fir dat et sech lount weider ze kämpfen an net opzeginn, eppes fir dat et sech lount ze liewen. Elleng den Wëllen kann immens vill bewierken an ass an der Lag Mënschen um Liewen ze halen. (Vanessa Schetgen, 2BC)

Vanessa_1

Ech hunn ni geduecht, dass mech déi Rees sou mathuelen an zum Nodenken bréngen géif. Wann een vun Auschwitz zreckkënnt, denkt een ganz oft nach dorunner zréck an alldeeglech Suergen schéngen op eemol sou banal wann een bedenkt wat déi Leit do alles hunn missten matmaachen. (Liz Lammar, 2BC)

DSC_0177

« Lorsque j’ai fermé les portes du camp, j’ai fermé la porte à la haine. Vivre avec la haine ça vous ronge l’intérieur. » (Paul Sobol, survivant du camp d’Auschwitz)

TagCloud