An der Allerhellgevakanz, vum 25ten bis den 30ten Oktober hunn 10 Schüler an 3 Proffen aus dem ALR e bëssi méi ongewéinlechen Ausfluch gemaach.

aubanner

Si waren mat der Associatioun 'Témoins de la 2ème Génération' mat op Osiewicz/Auschwitz a Polen:

No enger ganzer Nuecht an am ganzen 18 Stonnen am Bus, hu mer an der Jugendbegegnungsstätte zu Auschwitz agecheckt an hunn eis mat deenen anere Lëtzebuerger ugefrënnt, beim gudde polnesche Kascht an dem Briefing.

Den 1ten Dag si mir mat engem Guide duerch d'Stammlager zu Auschwitz gefouert ginn, an hunn erkläert kritt, mat ville grausamen Detailer, wéi et fréier do am Konzentratiounslager ofgelaf ass. Bei der Mauer wou d'Insassen fréier erschoss gi sinn, hu mer an enger Gedenkzeremonie Kränz zum Gedenken vun den Affer deposéiert a wärend enger Gedenkminutt dësen onvirstellbar Schicksaler eise Respekt erwisen.

Den 2ten Dag si mer dunn weider an d'Exterminatiounslager zu Birkenau gefuer a sinn do dat enorm grousst Areal ofgaangen, laascht d'Zuchschinnen, d'Baracken an d'Gaskummeren wou d'Judden masseweis eeragefouert an ëmbruecht gi sinn. Och do hu mer den Affer eis Gedenkzait geschenkt a jiddereen huet eng Rous niddergeluecht op déi Lëtzebuerger Plack oder op déi vun aneren Nationalitéiten als Zeechen vu Solidaritéit. Deen Dag ware mer all platt an zäitweis erschlo vun deem wat do alles ofgelaf ass.

Mir haten d'Chance dat Ganzt kennen mat engem Zaitzéihen ze erliewen, deen eis ganz vill Erklärunge ginn huet, eis seng ganz perséinlech Geschicht gezielt huet an eis all Fro beäntwert huet, zu egal wéi engem Thema. De Pol Sobol huet eis des Erfarung zu engem Deel erliichtert, well hien eis erzielt huet dass hie keen Haass méi géint d'Nazien  huet, obschonn se him seng ganz Famill geholl hunn. Zum aneren Deel, huet hien eis motivéiert dass mer am Liewen ëmmer viru ginn an alles ginn fir eis Dreem ze erreechen. Hien huet eis all un d'Häerz geluecht gutt Mënschen ze sinn andeems mer eis asetzen fir déi Leit déi net respektvoll behandelt ginn an ee Virbild ze sinn, och wann een oft eleng do steet fir fir dat Gutt anzestoen. Hien huet eis opgefuerdert alles Méigleches ze maachen dass sou eppes wei zu Auschwitz ni méi firkennt an der Geschicht vun der Mënschheet. De Pol Sobol ass eis all een enormt Virbild ginn a seng Presenz huet des Erfarung méi wéi beräichert.

Et war fir eis all eng enorm léierräich mee och emotional Erfarung, déi eis all mat ville Froen am Kapp hannerlooss huet. D'Associatioun 'Témoins de la 2ème Génération' huet eis duerch des däischter Geschicht guidéiert andeems si Workshoppen zu verschiddenen Themen ugebueden hunn, an deene froen wéi: Wat ass Judaismus?, Wéi ass den Antisemitismus opkomm?, Wéi gi Meschen sou béis? diskutéiert gi sin mat Léit déi vum Terrain sin. Dei Méiglechkeeten zum Austausch vu Gedanken a Reaktiounen huet eis all gehollef déi Rees besser ze verkraaften an ze verdauen, an huet an engems eng Rei nei Frëndschaften erméiglecht.

Dee leschten Dag si mer dunn, als Oflenkung äert mer Heem gefuer sinn, op Krakow gefuer an hunn do déi wonnerschéin Draachestaat gewise kritt a konnten déi Staat an der Hierschsonn genéissen.

Fotoen soe méi wéi Wieder an dësem Fall also hei eng Réi Andréck an de Reportage vun RTL Telé Lëtzebuerg deen e puer vun eise Schüler am Interview hat wei mer erëm zu Lëtzebuerg ukomm waren.

TagCloud