De 17. Mäerz kruten eis dräi Mini-Entreprisen d’Geleeënheet fir hir Produite bei enger Vente en commun an der Belle Etoile virzestellen an ze verkafen. Am Ganze ware bal 60 Stänn vertrueden. Wéi och an deene Jore virdrun, war den Interêt fir d’ALR-Produite grouss.

29314356_10155666559174092_6747828616610320619_n

D’Mini-Entreprise „BottleUp“ huet hire ganze Stock u Fläsche verkaf kritt an d’Spezialeditioun „Ouschterschokela“ vun der Mini-Entreprise „Schokolux“ huet och vill Keefer fonnt.

D’Gesellschaftsspill „Wieler ierger dech net“ vun der Mini-Entreprise „Quale bei de Walen“ hat et besonnesch der Press ugedoen. De Lex huet engem Reporter vum „L’essentiel“ ee längeren Interview gi wärend de Chris de Journaliste vun RTL Ried an Äntwert stoung.

Den Interview mam Chris ass dann owes och op RTL gewise ginn. Hei kennt dir iech dëse Reportage ukucken. Fotoe fannt dir an eiser Galerie.

Weider Informatioune fannt dir op de Facebook-Säite vun de Mini-Entreprisen:

- BottleUp
- Quale bei de Walen
- Schokolux

TagCloud