Wéi an de leschte Joren och, organiséiert de Cabinet d’Avocat Wildgen eng Sammelaktioun vu Spillsaachen a Schoulmaterial zu Gonschte vu benodeelegte Kanner hei zu Lëtzebuerg.
Ee Grupp Schüler vun eiser T3CM huet beschloss dëst Joer dës Aktioun ze ënnerstëtzen. Wann Dir nach sollt Spillsaachen a Schoulmaterial hunn, déi Dir spende wëllt, bréngt eis déi Saache w.e.g. an den Agangshal vum ALR wou Dir se kënnt an enger Sammelkëscht ofginn.