Och dëst Joer hunn all eis Schüler aus den 6èmes Klassen beim Roundabout Aids matgemaach. Dësen flotten Rallye iwwert zwou Schoulstonnen behandelt Themen wéi Léift, Partnerschaft Sexualitéit, HIV an AIDS. E besonneschen Merci geet hei un déi 10 Schüler aus der 4GPS, déi de Parcours animéiert hunn an hiert Wëssen vun enger spezieller Formatioun mat vill Engagement weiderginn hunn.
