Am Kader vum Fach „Gestion de projets“ hunn mir 4 Schüler aus der Klass 1TPCM, hei aus dem Atert-Lycée Réiden de 25. Januar 2019 een „Charity Dinner“ am Restaurant „AnDerMillen“ zu Beckerech organiséiert.

1tpcm_scheck

Den Erléis vum Owend ass un d’Fondatioun „Kriibskrank Kanner“ gespent ginn. Bei engem gemitterleche Patt, huet den Donneschdeg, 27. Februar d’Scheckiwwerreechung am Lycée stattfonnt, wou mir der Fondatioun konnten eng stolz Zomme vun 3400€ iwwerreechen. Des Weidere wollte mir och nach vun der Geleeënheet profitéiere fir jidderengem Villmools Merci ze soen den eis bei der Realisatioun vum Projet ënnerstëtzt huet.

Nora, Joana, Sam an Thierry

TagCloud