Mini-entreprise Delli’cious am Stater Pop-up Store
Mini-entreprise Delli’cious am Stater Pop-up Store
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun ass et fir eis Mini-entreprisen net einfach fir hir Produiten ze vermaarten.
Dofir hunn de Bob an de Joé vun der Geleeënheet profitéiert fir kënnen un enger Vente en commun an engem eidele Geschäftslokal an der Stad deel ze huelen.
Organiséiert gouf dës Aktioun vun de Jonk Entrepreneuren an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg.