De Studio ALR presentéiert hier Visite guidée duerch d'Gebai. Alles wat dir hei gesitt ass wierklech esou passéiert. Mir sinn onugemellt erageplatzt an näischt gouf retouchéiert oder novertount!! Endlech hutt dir eng éierlech Visite duerch den ALR. An dat gefouert vun enger Fra déi sech beschtens auskennt! Ganz nei: Konferenz!
Net ugemellt! Näischt gespillt!
Du mierks et direkt! Hei gouf net getrickst. Keng kromm Spillercher. Mir wëllen en éierlecht Bild vum ALR.
Dowéinst:
Mir waren net ugemellt, mir hunn net ugeklappt, sinn einfach eragaangen, hunn an engem Dréi opgeholl an hunn natierlech näischt retouchéiert.
An dëser Visite guidée gesäiss du den ALR wéi e wierklech funktionéiert.
Eng Studio ALR Produktioun
D'Equipe aus der Aktivitéit Studio ALR hat schonn 2014/15 ugefangen, eenzel Statiounen aus dem ALR ze filmen. Dëst Joer hu mir alles editéiert, an d'Landkaart entworf.
Den Niwwel op der Landkaart verstoppt weider Statiounen déi am Laf vum Joer 2016/2017 wäerte gedréint an editéiert ginn. Dir kënnt eis gäre kontaktéieren, wann dir eng gutt Iddi hutt fir en Departement oder aner Statiounen am ALR ze verfilmen.
Klick op d'Landkaart riets fir op Entdeckungsrees duerch den ALR ze goen.