D’Aktivitéit ‘Studio ALR’ bitt de Schüler eng Geleeënheet fir an de Prozess vun der Produktioun vun engem Film eran ze kucken a selwer mat ze maachen.

Proffen
Eigentlech soll sech jo eigentlech alles ëm d'Schüler dréien. Trotzdem hei déi Proffen déi sech ëm de Studio ALR bekëmmeren.
- Gilbert Klee, huet 2012 den 1schten ALR-REPORT mat de Schüler produzéiert. Deemools war et nach eng Mëttesaktivitéit.
- Daniel Balthasar, ass 2014 dozougestouss, wou am Kader vun der Talentförderung am ALR Freides déi läscht 2 Stonnen de Studio ALR an d'Liewe geruff gouf.
- Michèle Heusbourg verstärkt de Studio ALR och zanter 2014
MIR…
… schreiwen e Dréihbuch zu enger Serie,
… sichen Acteure, oder spille selwer eng Roll,
… filmen, fléien eng Drone,
… schneiden um Computer
… publizéiren um WebSite ALR, op Facebook a YoutTube
… ënnerhalen eng Instagram Story zur Serie
Eise Studio
Wat produzéiere mir?
E Kurzfilm produzéieren bedeiten fir d'Team eng ganz aner Aarbechtsphilosophie wéi Dokumentarfilmer oder ALR Reports. Hei muss richteg vill preparéiert ginn am Virfeld (Skript, Storyboards, Acteure sichen, ...).
Als éischt koum eist Märchen eräus, wat am Summer 2015 gedréint an editéiert gouf.
2016/17: Den 2te Kuerzfilm war dann en Horrorstreifen: 'Keen Zeréck'. Mënscheversich am Bësch ginn enger Grupp vu Jugenfdlecher zum Verhängnis.
2017/18: De Kuerzfilm 'Schlecht Gewessen': knapp 15 Minutten mam déitlechen Accident vum Frënd vun engem Meedchen.
2018/19: 1scht Serie: Bloc C mam Mord un engem Prof. 5 Episoden tëschend 10 an 20 Minutten.
2018/19 Serie aus 5 Episoden: Bloc C
2017/18 Schlecht Gewëssen
2015/16 Keen Zeréck
2014/15: Knusper Knusper Säufchen...
Net ze vergiessen de witzege Making dovunner.
Kuerz Clips
Mir hu bis elo 8 Pubs gedréint.
- 3 fir de Studio ALR selwer,
- 1 fir EQ Techniker an,
- 1 fir d'Aktivitéiten am ALR,
- 1 fir d'Eërtecken, organiséiert vum département informatique,
- 1 fir de Stickeralbum vun de Klassen an dem Personal vum ALR
- 1 fir de Culinalria an dem Abruzzebier, wou d'Schüler do gekacht hunn
E witzege Rondgang duerch den ALR. Am Bäschten dier benotzt dofir déi entspriechend Schatzkaart.
Oder dir gidd direkt op d'Säit vum X-PLORE.
Mir probéieren, wann d'Zäit eis et erlabt (Zäit fir méi..) ëmmer wann eppes am ALR leeft en ALR Report ze maachen. Och wann dir eppes besonneches ënnerhuelt kënnt dir eis froen fir filmen ze kommen.
Den Alr Report iwwert de Chrëschtmaart war schon deen 30ten!
Zanter 2018 hu mir d'Produktioun vum ALR REPORT agestallt, a mir fokusséieren eis méi op Kuerzfilmer, an zanter 18/19 op d'Produktioun vun enger Serie.
Mir kruten vum RADIO ARA en Optrag fir en Hörlabyrinth ze produzéieren. Dëst Hörlabyrinth gëtt am Kader vun der Reouverture vun dem Gebai vum Radio ARA den 8. Mai 2016 dem Publikum präsentéiert. Mir erfannen déi komplett Geschicht, schreiwen de gesamte Skript, huelen d'Hörspill op a proposéieren en Opbau vum Labyrinth.
Noom 8. Mai krute mir nëmme positive Feedback. Hei dann och eist Hörspill, wat mir elo kënnen online setzen.
Mir hunn am Oktober e Werbeclip fir d'Formatioun EQ-Techniker publizéiert.
Eng ganz Rei Dokumentatiounen goufen och scho vum Loïc Beurlet an Ivo Trausch, 2 Schüler déi mëttlerweil d'1e bei eis ofgeschloss hunn an dem ALR Äddi gesot hunn.
Zum Beispiel d'Visite vum Minister Claude Meisch am ALR, oder e Reportage iwwert d'Biogas Anlag zu Réiden.
2014/2015
2014/2015 hu mir vill Iddië verfilmt an awer net ganz editéiert, sou dass mir leider net ganz vill publizéiert hunn. Allerdéngs hate mir e riise Projet 'Hänsel & Grethel' bei deem eis ganz Equipe a vill aner Bedeelegter sech prächteg ameséiert hunn. Mir hunn awer net nëmme gelaacht, mä och e Film vun bal 20 Minutte gedréint.
2015/2016
De Studio ALR geet an seng 2te Ronn, an huet sech op d'Kap geschriwwen, méi Produktiounen ze publizéieren. Am Laf vum Joer wäerten dann niewent eise schon traditionnellen ALR Report Sendungen eng hallef Dosen witzeg Filmecher iwwert Departementer vum ALR erauskommen, dann e puer Kuurzfilmecher, eng Reklamm, ...
2016/2017
D'Equipe erneiert sech ëmmer an ëmmer erëm. Dëst Joer huet sech alles ëm eisen Horrorschinke gedréint: Keen Zeréck.
2017/2018
Zum Schluss vum Joer, respektiv parallell mat der Produktioun vum 'Schlecht Gewëssen' hu mir Preparatioune gemaach fir 'Mir baken e Kuch' fir 10 Joer ALR amm Hierscht kënnen ze feieren.
2018/2019
10 Joer ALR: Mir baken e Kuch kënnt direkt am Hierscht eräus.
Duerno Produktioun vun der 1schter Serie komplett produzéiert vun eiser Equipe: Bloc C.
Gläichzäiteg hu mir e YouTubeChannel an och en Instagram Account ab dësem Joer lafen.
Eist Material
- Semi-professionnell HD-Kameraen
- Studio mat Greenscreen a 6 PCs mat Adobe CC
- Headsets, Kravattemikroë
- Pro Tools fir Toun Opnamen
- Action cam: GoPro3
- Drone: Phantom 2
- Steadycam
Eis Equipe 2014/2015 an Aktioun
Lénks en ALR Report wou vill mat eiser Action Cam gefilmt gouf.
Ab 3:30 wou de Laf ufänkt, ass eis 180Grad Kamera an Aktioun.
Dann ënnendrënner, nach e puer Impressioune vum Joer 2014/2015
Hei dann nach eis Brochure mat däer mir wëlle weider Schüler fir eis Aktivitéit begeeschteren.
