Eng Opzielung vun de läschte Produktiounen aus dem Studio ALR.

teaser_films_actuels

2022 Tunnelbléck

6 Schüler erwächen an engem düstere Räum a froen sech wisou se do agespaart sinn. Lues a lues stellt sech eräus dass se all a Verbindung mat engem jonke Kärel sinn dee grad verstuerwen ass. En Timer am Räum seet dass si just eng Stonn Zäit hunn éier eng Bomm explodéiert...

 

 

YannBautBomm
TunnelAbspann

De Film Tunnelbléck

De Film gëtt am September 2022 fäerdeg editéiert an ass spéitstens um Chrëschtmaart 2022 ze gesinn.


 

2021 GameOn

Handyfräi Woch am ALR. E puer Schüler probéieren hier Handies erëm ze fannen, déi si vun der Direktioun eweggeholl kruten. En Hond weist hinnen do e Wee an en Atelier wou si nach ni gesinn hunn. Am Atelier deet de Vincenzo en Helm unn a gëtt an e Spill gesaugt. Si mussen en Challenge packen fir hier Handies zeréck ze kréien.

 

 

GameOn_Affiche_1

De Film GameOn


 

Bloc C: Série aus 5 Episoden

Währenddeem am Atert Lycée Reiden jiddwereen sengen eegenen alldeeglechen Problemer nogeet, passéiert am ALR een tragescht Evenement. Den Herr Peters, een polariseierenden Infosprofessor get ermord. Wien ass den Täter? Wat ass d'Motiv? An wat huet Ragnaröck mat dem Ganzen ze dinn?
Eng fënnefdeeleg Serie, produzéiert vum Studio ALR.

Dëst Joer hu mir geduecht et wier eng gutt Iddi mat der Zäit ze goen, an eng Serie ze produzéieren. Natierlech wousste mir dass dat eng grouss, souguer ganz grouss Erausfuerderung géif ginn. Mir hu ganz laang um Skript geschriwwen bis mer endlech mat den éischte Filmdeeg konnten ufänke. Jidderee huet séier gemierkt, dass déi 90 Minutte Freides bei Wäitem net duerginn fir dëse Projet nach viru der Summervakanz of ze schléissen.
Fir Zäit ze spueren hu mir decidéiert och mat anere Kameraën ewéi eis semi-professionnel Canon ze filmen. Oder hunn eis ausserhalb vun de Schoulzäite getraff.

Social Media

Instagram

YouTube

Plakat_A3_v2

Bloc C Trailer 1

Ab 3.Juni 2019 kënnt all Méinden 1 Episode vun eiser Serie Bloc C eraus. Hei dann mol den Trailer dovunner fir d'Zong laang gemaach ze kréien.

Ab 3.Juni 2019 kënnt all Méinden 1 Episode vun eiser Serie Bloc C eraus. Hei dann mol den Trailer dovunner fir d'Zong laang gemaach ze kréien.

 

Episode 1: Mord

Währenddeem am Atert Lycée Reiden jiddwereen sengen eegenen alldeeglechen Problemer nogeet, passéiert am ALR een tragescht Evenement. Den Herr Peters, een Infosprofessor get ermord. Wien ass den Täter? Wat ass d'Motiv? An wat huet Ragnaröck mat dem Ganzen ze dinn?

Dauer: 08:30 min

Release: Méinden 3. Juni 2019, 18:00

Huet e Schüler de Prof ermord?

Hei hues de mol en Iwwerbléck iwwert d'Charaktèren vun der Serie. Gëtt et en Haptverdächtege fier dech?

collage%20a3%20landscape%20line%20border%202%20red

Episode 2: Flashbacks

Wat virum Mord passéiert ass.
Den Herr Peters, een Infosprofessor gouf an der 1schter Episode ermuerd. Täter? Motiv? Wat huet Ragnaröck mat dem Ganzen ze dinn? Fro ob Fro. 
D'Episode 2 besteet just aus Flashbacks, dat heescht et si lauter Seenen déi virum Mord passéiert sinn. Am Comic Club brutzelt et tëschend dem Här Peters, de Grënner dovunner, an e puer weider Memberen.

Dauer: 8:32 min
Release: Méinden 10. Juni 2019, 18:00

Episode 3: De Psycho Flick

Den Herr Peters, een Infosprofessor gouf an der 1schter Episode ermuert. An der 2ter Episode goufen et just Flashbacks, dat heescht Seenen déi virum Mord passéiert sinn.
An dëser 3ter Episode gi mir gewuer, dass de Flick richteg geféierlech Dommheete mécht, wat him dann och zum Verhängnes gëtt. De Jimmy hëlleft dem Mike, deen doduerch seng Physiksprüfung packt.
Eng fënnefdeeleg Serie, produzéiert vum Studio ALR.
Dauer: 15:46 min
Release: Méinden 17. Juni 2019, 18:00

 

Episode 4: De Mike street Ligen

Den Herr Peters, een Infosprofessor gouf an der 1schter Episode ermuert. An der 2ter Episode goufen et just Flashbacks. An der 3ter léiere mir déi schwaarz Säit vum Flick kennen. 
An dëser 4ter Episode fällt op, dass e puer Leit frou sinn, dass de Peters fort ass. D'Sasha geet de Flick besichen an de Mike as schwäi rosen.
Eng fënnefdeeleg Serie, produzéiert vum Studio ALR.
Dauer: 9:07 min
Release: Méinden 24. Juni 2019, 18:00

 

Episode 5: Revelation

Den Herr Peters, een Infosprofessor gouf an der 1schter Episode ermuert. An der 2ter Episode goufen et just Flashbacks. An der 3ter léiere mir déi schwaarz Säit vum Flick kennen, an an der 4ter street de Mike Ligen well hien es saat huet vum Sasha gemobbt ze ginn.
Die 5t ass déi läscht Episode. Also misst jo hei de Mäerder entlarvt ginn an an de Bing kommen. Oder?

Dauer: 16:07 min
Release: Méinden 1. Juli 2019, 18:00

 


 

 

Happy Birthday ALR:
10 Joer ALR

Produktioun: Studio ALR,  Abrëll 2018 - Dezember 2018
Dauer: 7 min

De Studio ALR wënscht séngem Lycée Happy Birthday mat dësem klenge Filmchen.


 

Den ALR am Hierscht

E Flug mat der Drone iwwert den ALR. 

Produktioun: Klee Gilbert, Studio ALR,  2018/2019
Dauer: 03.15 min

De Film 2017/2018 vum Studio ALR:

SCHLECHT GEWESSEN

Eng jonk Fra iwwerrennt no enger Party hire Frënd. Vun do aus gëtt hat vu séngem schlechte Gewësse geplot.

Produktioun: Studio ALR,  2017/2018
Dauer: 14.10 min

titel
RX500002
RX500001
RX500003

Acteure

Regie

Kamera

Schnëtt

Toun

Jil Jungblut

Gilbert Klee

Gilbert Klee

Bob Delli Zotti

Daniel Balthasar

Pol Frank

Daniel Balthasar

Daniel Balthasar

Michèle Heusbourg

Tom Lecuit

Jo Bruck

Michèle Heusbourg

Michèle Heusbourg

Gilbert Klee

 

Alain Adams

 

Tom Lecuit

 

 

Bob Delli Zotti

     

 

Jill Van der Weken

   

 

 

Luca Simon

  Iddi

Klapp

Clown

Gina Fischbach

  Pol Frank Sarah Ewertz

Mattéo Saïdi

Sarah Ewertz

  Bob Delli Zotti  

 

 

Minor cast

Mattéo Saïdi, Sarah Ewertz, Rhona Willems, Tom Lecuit, Jeff Kohnen, Mike Raas, Nathalie Krombach, Claude Kerger, Marc Rasqué, Robert Grethen, Paul Jungblut, Tom Schummer, Roseline Bellanger, Joé Delli Zotti, Pierre Horsmans, Max Rollinger, Lara Weinandy, Noémie Ney, Claire Koster


 

 

 

ALR REPORT 30:
ALR on Stage 2018

Reportage vum ALR on Stage 2018.
Dauer: 02:35

 

ALR REPORT 29:
Téck Tournéier 2018 am ALR

Reportage vum Eeërtécktournéier 2018, organiséiert vum Departement informatique vum ALR.
Dauer: 06:19


 

horror2017_Teaser

 

De Film 2017 vum Studio:
KEEN ZERECK

Pünktlech zur HalloweenZäit de neie Film vum Studio ALR.
Zwou jonk Koppelen wëllen am Bësch eng Nuecht campen. An deem Bësch wou den Zag Rainer, e räiche Mogul, Experimenter mat Läiche maache gelooss huet. Dës Experimenter sinn awer feelgeschloen, an den Zag Rainer wëll mat sengem Killer Brutus déi ausser Kontroll gerode Zombies ofschéisse loossen. Natierlech däerf keen eppes vun dësem Experiment matkréien.

Ufanks 2017 hu mir richteg Gas ginn an eis fir e Kuerzfilm decidéiert, mam Wëssen dass dat eng ganz grouss Eräusfuederung géif ginn.

No Virstellung vun e puer Storien gouf dann fir d'Dréihbuch vum Pol Franck gestëmmt: Een Horrofilm.

Wou dann ugefange gouf mat filmen, hu mir déi ganz Geschicht ëmmer méi misse vereinfache fir eis Ressourcen net komplett ze iwwerfuederen. Mir ware puer mol geplot mam Wieder, wat net ëmmer matgespillt huet. D'Dréihaarbechten hu vum Fréijoer bis an den Hierscht gedauert. Dëst laang Dréidauer war e Probleim beim Editing, fir dass enn am Film net mierkt dass d'Wieder mol waarm mol stiermech war oder et souguer gereent huet. 

D'Musék gouf vun der Songwriting Option ALR 2016/2017 ënnert der Leedung vum Daniel Balthasar gemaach.

Produktioun: Studio ALR,  2017
Dauer: 11.41 min

 

KeenZereck_20

Acteure

Regie

Kamera

Schnëtt

Spriecher

Aaron Hoja

Pol Frank

Petit Chris

Gilbert Klee

Sarah Ewertz

Daron Gomes Rodrigues

Daniel Balthasar

Daniel Balthasar

 

Jil Jungblut

Carina Figeuiredo

Gilbert Klee

Gilbert Klee

 

Matthéo Saïdi

Jo Bruck

Michèle Heusbourg

Sarah Ewertz

 

 

Sarah Verzin

     

 

Jil Jungblut

   

Toun

Make Up

Chris Petit

   

Daniel Balthasar

Gilbert Klee

Max Musman

    Sam Ney

 

Max Urbany

    Nick Felten

 


 

ALR REPORT 27:
Téck Tournéier 2017 am ALR

Produktioun: Studio ALR,  Abrëll 2017
Dauer: 2.31 min

ALR REPORT 26:
FAKE NEWS an alternative facts aus dem ALR

Produktioun: Studio ALR,  dec 2016 - jan 2017
Dauer: 5 min

Heizou maache mir léiwer kee Kommentar.

 

Studio ALR bei enger Koppel doheem

Produktioun: Studio ALR,  nov 2016
Dauer: 1 min

Jojo, fir dass d'Schüler sech fir eis Optioun interesséieren, musse mir Reklamm maachen. Am Kader vun dëser Kampagne hu mir 3 Filmer gedréint, hei een dovunner. 

 

Kuck op d'Strooss!

Produktioun: Studio ALR, nov 2016
Dauer: 2min38 

Egal wat maachen ass schlecht fir d'Gesondheet!
Och an de 60er Joeren ass egal wat op de Stroosse gemaach ginn. Och am Auto...
Et kann een sech virstellen wat dobäi erauskënnt.
 

Aktivitéiten am ALR

Produktioun: Studio ALR, nov 2016
Dauer: 2:39

Mëttesaktivitéiten, Optiounen an Aktivitéiten am Kader vum Projet d'établissement sinn en Haaptpilier vum Schoulkonzept vum ALR. An dësem Kuurzfilm kann een sech eng iddi maachen wat niewent de 'normale' Schoulstonnen alles esou am ALR leeft.

Studio ALR am Raumschëff

Produktioun: Studio ALR,  juni-sept 2016
Dauer: 1 min

Jojo, fir dass d'Schüler sech fir eis Optioun interesséieren, musse mir Reklamm maachen. Am Kader vun dëser Kampagne hu mir 3 Filmer gedréint, hei een dovunner. 

 

Studio ALR begleed den HP

Produktioun: Studio ALR,  juni-sept 2016
Dauer: 1 min

Jojo, fir dass d'Schüler sech fir eis Optioun interesséieren, musse mir Reklamm maachen. Am Kader vun dëser Kampagne hu mir 3 Filmer gedréint, hei een dovunner. 

 

Benotz dess Kaart

Xploret

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud