ALR REPORT 25: Bericht iwwert e wiedere grousse Succès vun eisem Projet d'établissement. D'Aktivitéit CulinALRia huet am Restaurant Abbruzzebier fir eng 100 Leit gekacht.
Net nëmmen d'équipe vu CulinALRia, mä och de Brauatelier, d'B/W Foto Aktivitéit an de Studio ALR hunn un dësem groussen Event deel geholl.
De Brauatelier huet de Schléiwelikör gebrannt an de Boeverbräu gebraut
SW Fotografie huet eng Austellung vu schwarz wäisse Fotoen am restaurant gemaach
De Studio ALR huet sech ëm d'Dokumentatioun bekëmmert
Honnert Gäscht koumen an der Mëttesstonn, an alles ass ewéi um Schnürche gelaf. D'Besëtzer vum Abbruzebier, déi 3 Equipen an och d'Gäscht déi iesse komm sinn waren alleguer voll zefridden, a mir kruten integral positiv Bewäertungen.
Produktioun: Studio ALR
Moderatioun: Carina Figueiredo, Max Urbany, Annissa Ghazi
Kamera: Nick Felten, Tom Lecuit, Gilbert Klee, Daniel Balthasar