Mëttwochs den 10.07.2013 war et rem souwäit. De leschten Schouldag stoung um Programm. Och dëst Joer hunn sech Direktioun, Schüler a Proffen et sech net huelen gelooss, engt ofwiesslungsräicht an flott Schoulfest ze organiséieren.
Niewent divers Sportaarten wéi Fussball a Völkerball, stoungen och d'Interclasses um Programm. Dees weideren haten Schüler vun der 12CG och en Charity Run iwwer 6,5 an 10 km am Kader vun engem Projet organiséiert. Mëttes hunn dunn den James Borges, den Rapper LeDé an d'Schülerband fir déi musikalesch Animatioun gesuergt.
Ofschléissend sief erwähnt dass den gesamten Erléis vun dësem Dag fir e Gudden Zweck gespent gëtt.
Uso: Sam Herold, Celvin Altamuro, Max Koster
Interviews: Charel Bretz, Max Koster
Kamera: Gilbert Klee, Franck Huet, Benny Reuter, Patrick Linnig, Steve Lourenco
Montage: Gilbert Klee, Franck Huet
Regie: Gilbert Klee