Säit en Freiden dem 2. Mäerz hun eis Beien en neit doheem.
Kuerz virum Reinigungsflug hu mer eis Beievëlker an eisem neie Beienhaischen aquartéiert. Dräi vu véier Vëlker hunn de Wanter iwwerlieft, och wann eent vun deenen dräi Besuch vun engem hongerege Wäschbier krut, dee versicht huet hinnen den Hunneg ze klauen (c.f. Foto; Bëssspuere beim Fluglach). Och wann eist Beienhaischen nach am Réibau ass, kënnen d’Beie sech lo an deer neier Umgebung op hir jeweileg Këschten afléien. Merci lo scho mol all deene Leit déi dozou bäigedroen hunn, dass dëst Beienhaische ka gebaut ginn. Am Juni steet dann di offiziell Aweiung um Programm a wann alles klappt kréie mer dann och den 1. Hunnegbéier, dee mer zesummen mam Brauatelier äus dem ALR brauen ze schmaachen.