Den éischte Podcast vu Schüler fir Schüler

alright

Episode 1:  « Hei elei, lauschter hei »

An eisem éischte Podcast vu Schüler fir Schüler an natierlech och all déi aner schwätze mer e bëssen iwwert folgend Themen:

1. Lycéescarrière: Ufank vs. Schluss

An dësem Podcast schwätze mir iwwer eis Erfarungen op 7ième an op 1ère a vergläichen se mat eise Virstellungen a Rumeuren déi mir virdrun haten an héieren hunn.

 

2. F*cking Schoul bis 18 (21min30)

Schoulflicht bis 18. Ass dat gutt oder schlecht? Mir hunn d'Meenung vun engem Enseignant aus dem ALR gefrot.

 

3. Den Aarsch voll mat Nuddelen (40min20)

An dësem Deel diskutéieren d'Ina an den Tiziano iwwert sproochen. Sief et Latäin, Italienesch oder eis gutt Lëtzebuerger Sprooch, dat Thema huet kee Mangel un Diskussiounspotential.

 

4. Homophobie (52min)

Mir schwätzen iwwer LGBTQ+ community a wéi et hei a Lëtzebuerg mat de Reschter ass. Mir sinn an dësem Deel e bëssen an den Detail gaangen iwwer d'Homophobie a wat dat iwwerhaapt ass.
 

5. Streaming Plattformen (1h3min50)

Mir schwätzen iwwer Streaming Plattformen, déi am meeschte benotzt ginn an am beléiftste sinn. Dobäi gi mer dorop a wei eng mir benotzen.
 

6. Top 5 (1h15min)

An eisem Deel presentéiere mir iech eis Top 5 Serien a Filmer. Dobäi gi mir präzis op der eenzel Serien a Charakteren an.

 

 

TagCloud