'Mir léiere Filmen' ass eng Mëttegaktivitéit wou mir e klenge Film dréien an dobäi de ganze Prozess vum FilmProduzéieren kenne léieren. 2017/18 war dat eng Parodie op LëtzebuergerRiedensaarten. 2018/2019 hu mir ugefaange mat engem klenge Sketch direkt aus dem Prisong...

 

teaser

2019/2020

Bis elo hu mir wichteg Theorie fir all Ufänger gemaach. Hei dann mol d'Equipe vun dësem Joer.

tropical-paradise

2018/2019

Fir un ze kommen hu mir e klenge Sketch am Prisong gedréint. Zanter Enn November si mir dann an der Produktioun vun enger Rei klenger Reportagen iwwert e Schüler deen am Kader vun den Job Days e puer kleng Jobs am ALR unhëllt an sech do awer net ganz glécklech uleet. 
Am 2te Semester koum dann dunn d'Iddi vum Schantall, wat op den Jobwatchdays net ëmmer e gudden Androck hannerléist...

Schantall op den JobWatchDays!

E (net) ganz seriéise Dokumentaire iwwert eng Schülerin um JobWatchDay, wou hat verschidden Domaine kount ausprobéieren.
Hat huet eisem Team herno gesot, dass hat iwwerzeegt ass fir déi Beruffer ewéi gemaach ze sinn... 

Iwwerzeegt iech selwer vu sénge Qualitéiten. Wann dir e Patron sidd: Direkt astellen!

Durée: 8:30

As dat laaaangweileg!

Fir dëse klenge Sketch hu mir de geféierleche Wee an de Prisong gewot. Oder mir wollte zumindest. Well d'Elteren eis awer keen Accord ginn hunn, hu mir de Prisong einfach dobäi gezaubert.

E Sketch vum Dieter Hallervorden.

Dauer: 2:27

Equipe 2018/2019

Géraldine Soares Pereira, 6C1
Noah Heuts, 6C4
Evan Schleck, 6C1
Christopher Kleinbauer, 6C2
Lily Muller, 6C2​
Joé Delli Zotti, 6C3
Sarah Kieffer, 6C4
Rui Pardal Codices, 6C4
Jonas, 6C4
Michel Wagener, 6C5

 

Profs:

Daniel Balthasar
Gilbert Klee


 

2017/2018

2017/18 hu mir - bësse spéit - decidéiert e witzege Film iwwert lëtzebuerger Riedensaarten ze dréien. Am 1schte Semester gouf haptsächlech geplangt a geübt, an am 2te Semester hu mir da richteg Gas gin.

Mir hu virum Greenscreen gedréint, ware bei dem Robine seng Urgroussbomi, op de Baurenhaff vum Lucie senger Bomi, an d'Réidener Schoul an an de Park vum ALR filmen.

Duerno hu mir alles editéiert an Toun drop geluecht. Och hu mir 2 kleng 'Making Of' vun eisen Dréihaarbechten produzéiert. 

Equipe 2017/2018

Lafleur Sam, 5C3
Charnaut Lucie, 6CL3
Aguilera Zoé, 6C3
Dolata-Staudt Alexandre, 6C3
Fernandez Noah, 6C3
Straus Shawn, 6C3
Rauchs Robine, 7G5
Wagener Michel, 7G5
Thommes Sasha, 8STP2
Alles Laetitia, 8STP5
Meulenberg Yana, 8STP5

 

 

Lëtzebuerger Riedensaarten, mol eemol aneschters

Mir hunn eng Rei flott a witzeg Spréch vun de Lëtzebuerger erausgesicht an déi probéiert bildlech duer ze stellen.
Et geet ëm eng Schülerin, déi fir d'Schoul muss eppes iwwer Lëtzebuerg presentéieren a geet bei seng Bomi fir ëm Hëllef ze froen. 
​Dorops hin erzielt seng Bomi him ewéi et fréier war…

 

Making of Filmdag 1

E ganz Mëttwoch ware mir ënnerwee, fir op 2 'locations' ze goen: An d'Réidener Schoul, an op e Baurenhaff.
Hei soe mir der Réidener Schoul, an och dem Lucie senge Grousseltere Merci fir hiren Asaz.

 

Making of Filmdag 2

En anere Mëttwoch goung drop fir d'Statements vum Robine senger Urgroussbom ze filmen. Dono krute mir eng Glace a Jhüs :-).

Merci Bomi fir alles mä virun allem fir de Courage fir den Asaz als Actrice.

 

 

Greenscreen

Virum Greenscreen ze schaffen ass eppes ganz ongewiintes. Eis Acteurs spille virun engem gréngen Hannergronn a mussen sech am Kapp virstellen wat herno de Greenscreen ersetzt. Net einfach!

 

 


 

TagCloud